• slide01.jpg
  • slide02.jpg
  • slide03.jpg
  • Slide04.jpg
  • Slide05.jpg

 

 

 

TRIO AURORAeng ganz speziell Mëschung...

Wee si mir...?

... dräi Museker mat ganz ënnerschiddleche Formatiounen, déi zesummen en zimlech “spezielle” Grupp bilden. Eis Inspiratioun ass déi wonnerschéi Faarwemëschung vum Sonnenopgang, an dofir nenne mir eis zënter 2007 den TRIO AURORA. Eist Haaptziel ass et, sou vill wéi méiglech no interessante Klangfaarwen ze sichen. Dofir versiche mir op eise Concerten oder aner Optrëtter ëmmer, Instrumenter vu ganz verschiddene Famillen ze kombinéieren (Klarinett, Bassklarinett, Euphonium, Piano, Keyboard, Percussioun...), mir schloen eisem Publikum eng Rees vir duerch déi ënnerschiddlechst Stiler a probéieren dobäi zesummen an eng musikalesch Welt anzetauchen, an der sämtlech Gefiller erlaabt sinn: Eescht, Freed, Trauregkeet, Humor... eng Welt an der jiddereen sech kann erëmfannen...

jump